News

Publié le 24 February 2021

Een Haus dat grad gebaut gëtt op der Steiererklärung zu Lëtzebuerg ofsetzen!

Äert Haus gëtt grad gebaut oder renovéiert an Dir waart ongedëlleg drop dass Dir eraplënnere kennt? Wosst Dir, dass een d'Scholdzënse vum Immobiliëprêt op der Steiererklärung zu Lëtzebuerg ofsetze kann? Sou kenn Dir Steiere spuere wärenddeem Dir drop waart an Äert Haus ze plënneren.
Wéi vill kann een op der Steiererklärung zu Lëtzebuerg ofsetzen?

D'Scholdzënsen si souguer ganz ofsetzbar, wann Äert Haus oder Är Wunneng grad gebaut oder renovéiert gëtt, oder, wann et fäerdeg ass, mee Dir nach net erageplënnert sidd.
 
Beispill: 
Eng bestuete Koppel mat 2 Kanner hellt e Immobiliëprêt mat 9.500€ Scholdzënse fir hiert Haus dat grad gebaut gëtt. An deem Fall sinn 9.500€ ofsetzbar.
 
Mat taxx.lu ass d'Ofsetze vun Ärem Haus dat grad gebaut gëtt ee Kannerspill!
 
Fir Ären Immobiliëprêt ob Ärer Steiererklärung, dem Formular 100, ze deklaréieren, muss Dir op taxx.lu als éischt bei de Formular "Steuersituation"  goen an do bei "Immobilien in 2020" déi richteg Këscht ukräizen. 

Dann kenn Dir  de Formular "Immobilien" ausfëllen, fir är Scholdzënsen ofzesetzen. All d'Informatiounen déi Dir dofir braucht, fann Dir um Zertifikat deen Dir all Joer vun Ärer Bank kritt.

Partagez

Testez taxx.lu maintenant!

Inscrivez-vous gratuitement

Créez un compte, complétez votre déclaration et simulez votre remboursement d'impôts!

Cet article vous a aidé?

Lisez les articles similaires

Related posts image