News

Gepost den 17 March 2021

Wei kann ech als Enseignant mäin Büro doheem vun den Steieren ofsetzen?

Du bass Schoulmeeschter, Joffer oder Proff an hues doheem ee Büro deens de vir deng Virbereedungen an d'Verbessere benotz?

Dann setz dëse Büro vun denge Steieren of a spuer Steieren ! 
Als Enseignant kann een d'Käschte fir säi Büro doheem als "Frais d'obtention" vun de Steieren ofsetzen. Vu que datt dir dëse Büro fir är Aarbecht braucht, erlaabt iech de Lëtzebuerger Staat hei Steieren ze spueren. 

Ofsetzbar sinn net nëmmen d'Heiz- an d'Stroumkäschte vun dësem Büro, mee och den Amortissement an d'Scholdzënsen. 

Dat mécht séier eng Erspuernis vun e puer Honnert Euro.

Fir dëst ze berechnen huet taxx.lu fir d'Enseignanten ee spezielle Formular opgesat. Mat e puer einfache Renseignementer berechent taxx.lu de Montant vun den "Frais d'obtention" déi der kennt ofsetzen. En plus produzéiert eise System dono eng Annexe, wou äre Steierbüro kann novollzéie wei des "Frais d'obtention" berechent gi sinn. 

Probéiert et nach haut aus a maacht eng gratis Simulatioun op taxx.lu. Et geet duer datt dir als Beruff ugitt "Enseignant" an et erschéngt ee Formular, speziell fir Äre Büro ofzesetzen!

Deelen

taxx.lu elo ausprobéieren!

Gratis umellen

Erstell ee Konto, fëll deng Steiererklärung aus a simuléier weivill Steieren datts de kanns zréck kréien!.

War dësen Artikel fir Iech hëllefräich?

Ähnlech Artikelen liesen

Related posts image