News

Gepost den 24 February 2021

Är Zousazpensioun op der Steiererklärung zu Lëtzebuerg ofsetzen!

Et gi verschidde Méiglechkeeten, fir fir d'Zukunft zousätzlech virzesuergen. Eng dovun ass, eng Zousazpensioun ze maachen. Domat huet een net nëmme fir Zukunft virgesuergt, mee et kann een och elo schonn dovu profitéieren andeems een seng Zousazpensioun op der Steiererklärung zu Lëtzebuerg ofsetzt.
Wéini kann ee bei senger Zousazpensioun vun engem Steiervirdeel profitéieren?

Fir vun engem Steiervirdeel ze profitéieren, musse verschidde Viraussetzungen erfëllt sinn. Als éischt muss de Kontrakt fir mindestens 10 Joer gemaach gi sinn an d'Suen aus der Pensioun däerfen dem Steierflichtege fréistens mat 60 Joer ausbezuelt gi a spéitstens mat 75 Joer. Dann muss och am Kontrakt stoen, dass Erspuertes net éischter däerf ausbezuelt ginn, ausser am Fall vu Krankheet oder Invaliditéit. Doriwwer eraus, ass d'Altersgrenz fir eng Zousazpensioun ofzeschléissen, 65 Joer op den 1. Januar vum Joer an dem de Kontrakt vun der Zousazpensioun gemaach gëtt.
 
Ofsetze kann een eng Zousazpensioun an der Steiererklärung zu Lëtzebuerg als steierflichtegen Awunner, an als Frontalier deen sech dofir entscheet huet nom selwechte Prinzip besteiert ze gi wéi Awunner an deen d‘Konditioune fir di selwecht Besteierung erfëllt.

Wéi vill kann ech vu menger Zousazpensioun an der Steiererklärung ofsetzen?

Säit 2017, kann ee vir eng Zousazpensioun maximal 3.200€ pro Joer ofsetzen, onofhängeg vum sengem Alter. Fir de Partner kommen nach eng Kéier 3.200€ dobäi. Doduerch kann eng Koppel bis zu 6.400€ op der Steiererklärung ofsetzen an bis zu 2.688€ erëmkréien.
 
Fir Är Zousazpensioun op Ärer Steiererklärung zu Lëtzebuerg ofzesetzen, muss Dir op taxx.lu de Betrag vun der Pensioun am Formular „Sonderausgaben“ ënner „Altersvorsorge“ uginn.

taxx.lu rechent déi ofsetzbar Beträg a fëllt se an Är Steiererklärung an!

Deelen

taxx.lu elo ausprobéieren!

Gratis umellen

Erstell ee Konto, fëll deng Steiererklärung aus a simuléier weivill Steieren datts de kanns zréck kréien!.

War dësen Artikel fir Iech hëllefräich?

Ähnlech Artikelen liesen

Related posts image