Dernière actualisation le 03 May 2022
Kann een Formatiounskäschten ofsetzen?
Formatiounskäschten kënnt Dir nëmmen ofsetzen, wann dës fir d'Ausféierung vun Ärem Beruff néideg sinn.
Hänkt am léifsten e Bréif un Är Steiererklärung (am léifsten vun Ärem Patron ënnerschriwwen), deen ugëtt datt dës Studien absolut noutwendeg sinn fir Är aktuell Aarbecht. Schlussendlesch wärt d'Steierverwaltung entscheeden, ob dës Käschten ofsetzbar sinn oder net.