Wat ass taxx.lu ?

Taxx.lu ass een Internetsite deen der hëlleft deng Steiererklärung einfach an schnell ze maachen.

Ouni Steierexpert ze sinn

taxx.lu entziffert fir dech deng Steiererklärung an iwwersetzt dei onverständlech Fachbegrëffer an eng Sprooch déi jiddereen versteet ouni mussen Steierexpert ze sinn. D'Zil vun taxx.lu ass et datt jiddereen seng Steiererklärung selwer kann maachen an datt och jiddereen vun deenen verschiddenen Virdeeler kann profitéieren.

Iwwer een einfachen an verständlechen Questionnaire

Amplaz vun der normaler Steiererklärung, muss de dech bei taxx.lu net duerch säiteweis onverständlech an komplizéiert Formularen kämpfen. Een einfach formuléierten Questionnaire guidéiert dech Schratt fir Schratt duerch déi verschidden Etappen. Fir all Fro kriss de en plus een Informatiounen ugewisen, déi der bei Onkloerheeten weiderhëlleft.

Deen sech automatesch denger perséinlecher Situatioun upasst

D'Steiererklärung zu Lëtzebuerg huet 16 Säiten. Déi meescht Leit brauchen dovunner awer just 3-4 Säiten auszefëllen. taxx.lu freet dech just déi Informatiounen déi dech betreffen. Den System passt sech also denger perséinlecher Situatioun un. Bass du zum Beispill net Propriétaire vun dengem Logement, dann kriss du och keng Froen déi dësen Fall betreffen gestallt. Sou kennen mir garantéieren, datts du deng Steiererklärung sou schnell wei méiglech fäerdeg hues.

Mat deenen néidegen Justificatifen déi per Smartphone kennen heichgelueden ginn

Bei d'Steiererklärung muss een eng ganz Rei vun Dokumenter dobäileeën (z.B. Paiziedel, Certificat vun den Assurancen oder vum Bauspuervertrag, etc...). Bei taxx.lu maachen mir der et sou einfach wei méiglech. Maach eng Foto vum Dokument mat dengem Smartphone an luet se erop. taxx.lu setzt des Dokumenter automatesch bei deng Steiererklärung dobäi an generéiert der een PDF mat allem dran: denger fäerdeger Steiererklärung AN dengen Annexen. Wanns de Certificaten als PDF hues, dann kanns de déi natierlech och heichlueden.

Engem automateschen Kontroll vun all den ofsetzbaren Plafongen

taxx.lu kontrolléiert automatesch ops du bei denger Steiererklärung näischt vergiess hues, wous de Steieren kanns spueren. Solls du näischt ofzesetzen hunn, dann kontrolléieren mir och op alleguer d'Forfaiten déis du kanns ofsetzen ageschriwwen sinn, sou datts de sécher kanns sinn keng Steieren ze vill ze bezuelen.

An Steiertipps fir deng perséinlech Situatioun

taxx.lu analyséiert deng fäerdeg Steiererklärung an kann der Tipps ginn weis du an Zukunft Steieren spueren kanns. Des Tuyauen sinn ugepasst un deng perséinlech Situatioun, sou datts du an Zukunft vun allen Steiervirdeeler profitéieren kanns.

Fäerdeg fir op de Steierbüro ze schécken

Zum Schluss generéiert taxx.lu fir 30 EUR deng fäerdeg Steiererklärung als PDF. An dësem PDF fënns de engersäits deng Steiererklärung (offiziellt Formular 100 vun 16 Säiten oder Formular 163R, jee no Situatioun) an deng Annexen (Certificaten déis du mat muss eraginn). Dësen PDF muss de lo just nach ausprinten, ënnerschreiwen an un däin Steierbüro schécken.

Eis Avantagen

Intelligent a personaliséiert Tipps

taxx.lu kann dir personaliséiert Tipps ginn, déi op deng individuell Situatioun passen. Ganz egal ops du célibataire oder bestuet bass, ops de Kanner hues, oder ops de Propriétaire vun denger Wunneng bass. taxx.lu hëlleft dir deng Steiererklärung beschtméiglech auszefëllen an sou Steieren ze spueren.

Ausrechnen vun dengem Remboursement

taxx.lu berechent "live" den Montant vun dengem Steierremboursement. Du gesäis zu all Moment wivill Geld den Staat dir duerch deng Steiererklärung muss zréckginn an erliefs keng Iwwerraschungen.

Kontroll vun allen Steieroptimisatiounen

taxx.lu kontrolléiert ops du all déi gängeg Steieroptimisatiounen genotzt hues an mëscht dech drop opmierksam wann dëst net den Fall ass. Sou vergëss du näischt an profitéiers vun all den Méiglechkeeten fir Steieren ze spueren.

All ofsetzbar Forfaiten schonn agedroen

Den Lëtzebuerger Staat erlaabt jidderengem op senger Steiererklärung verschidden Forfaiten ofzesetzen (frais d'obtention, dépenses spéciales...). Et handelt sech hei em een Minimum deen jidderengem ze gutt steet. Taxx.lu fëllt des Forfaiten automatesch fir dech aus, wanns de net méi ze deklaréieren hues. Sou riskéiers de net des Forfaiten ze vergiessen an net kennen dovun ze profitéieren.

Service Client deen hëlleft

Solls du een Problem mam System, mam Formular oder mam Heichlueden vun dengen Certificaten hunn, dann steet der eisen Service Client zur Säit. Fir eis ze kontaktéieren fënns du op all Säit vun taxx.lu een rouden Button ënnen riets fir mat eis ze chatten, oder du schreifs eis op help@taxx.lu.

Keng Installatioun noutwendeg

Fir Taxx.lu ze benotzen brauchs du keng Software erofzelueden. Du kanns dëst einfach iwwer däin Browser (Internet Explorer, Firefox, Chrome, Safari) op dengem Computer, Tablett oder Smartphone vun egalwou an zu jidderzäit maachen.

Di bescht Protektioun vun dengen Donnéeën

D'Protektioun vun dengen Donnéeën ass eis immens wichteg. All Date sinn zu Lëtzebuerg bei enger lëtzebuergescher Firma gespäichert. Mir hunn een Data Protection Officer an eis Mataarbechter hunn keen direkten Accès op deng Daten. Dobäi gëtt all indirekten Accès gelogged.

Verschlësselung vun all Datenaustausch

Eisen System mëscht et Drëttpersounen onméiglech deng Daten ofzefänken. All Kommunikatioun tëscht dengem Browser an eisem Server ass SSL/TLS verschlësselt mat engem Let's Encrypt Zertifikat (SHA-256 mat RSA). Eise Server entsprécht deenen neisten a beschte Standarden: https://www.ssllabs.com/ssltest/analyze.html?d=taxx.lu

Probéier et gratis aus !

Maach eng gratis Simulatioun vun denger Steiererklärung an looss däin Remboursement rechnen

Ech schreiwen mech an