Wou ass mäin Steierbüro ?

Zu Lëtzebuerg ginn et 28 Steierbüroe fir privat Persounen.

De Steierbüro un deen dir iech musst wenden, hänkt normalerweis vun der Gemeng of wou dir wunnt.
Déi Steierbüroen hunn als Haaptroll :

  • d'Immatrikulatioun, d'Kontroll an d'Fixatioun vun de Steieren "par voie d'assiette" op Basis vum Modell 100,

  • d'Fixatioun vun den Avancen,

  • d'Etablissement vun de certificats de revenu,

  • d'Gestioun vun den données signalétiques, an d'Gestioun vun den coordonnées bancaires
 

D'Steierzueler déi net an Lëtzebuerg wunnen, wenden sech un d'Steierbüroen :

  • « Luxembourg X », fir d'Steierzueler déi am Ausland wunnen. (ausser Frankräich an Däitschland)

  • « Luxembourg Y », fir d'Steierzueler déi a Frankräich wunnen.

  • « Luxembourg Z », fir d'Steierzueler déi an Däitschland wunnen.
 

De Formulaire 163 (décompte annuel) muss un ee vun de 6 RTS Büroen geschéckt ginn, deen och vun der Gemeng ofhänkt wou der wunnt.

Wann dir am laf vum Joer geplënnert sidd, da muss dir iech un dee kompetente Büro wenden, dee vun der Gemeng ofgehaangen huet, wou dir den 1. Januar vum Steierjoer gewunnt hutt.

Essai gratuit

Faites gratuitement une simulation de votre déclaration et déterminez votre remboursement

Je m'inscris