News

Publié le 16 May 2018

Lescht Joer däin éischten Job ugefaangen? Dann fro der deng Steieren zréck ?

Wann s du 2017 matten am Joer ugefaangen hues mat schaffen, dann ass et richteg rentabel fir elo eng „kleng“ Steiererklärung („Décompte annuel“) ze maachen.

Firwat datt dëst finanziell sou interessant ass, fënns de hei eraus !

Däin Patron berechent deng Pai an hält och direkt d’Steieren zréck, déi s du bezuele muss. Fir et einfach ze maachen, ginn des Steieren sou berechent wie wann s du dat Joer géifs 12 Méint schaffen a wärend deenen 12 Méint selwecht vill verdéngen.

Dëst stëmmt awer scho mol net, wann s du net den 1. Januar ufänks mat schaffen, mee am Laf vum Joer. Ass dat de Fall, da muss um Enn vum Joer nach emol berechent gi weivill datt s de verdéngt hues, fir da festzeleeë weivill Steieren datt s de dat Joer muss bezuelen. Doropshi kanns du der ee gudde Pak Steieren zréckfroen.

Ee Beispill:

Du (net bestuet, keng Kanner) hues den 1. Juli 2017 ugefaange mat schaffen a verdéngs pro Mount 2.500€ brutto. Däin Patron hält all Mount 153,20 EUR un Steieren zréck. Dat heescht datt s de am Joer 2017, vu Juli bis Dezember 919,20 EUR Steiere bezuelt hues. Duerch ee „Décompte annuel“ informéiers du de Staat doriwwer, datt s du des Pai vun 2.500 EUR net wärend 12 Méint kritt hues, mee just wärend 6 Méint (Juli bis Dezember).

Andeems de nach e puer Forfaite kanns ofsetzen (taxx.lu mëscht da automatesch fir dech), berechent de Staat doropshin datt s de fir 2017 nëmme 74 EUR häss misse bezuelen. Vu que datt s de awer 919,20 EUR zréckbehale krus, kanns de vun engem Remboursement vun 845,20 EUR profitéieren !

De Staat gëtt der dat Geld net automatesch zréck. Fir deng Steieren zréck ze kréien, muss du ee „Décompte annuel“ eraschécken.

Weis du deen ausfëlls? Deen einfachste Wee ass taxx.lu. Maach elo deng gratis Simulatioun fir erauszefanne weivill datt s de zréck kriss !

Partagez

Testez taxx.lu maintenant!

Inscrivez-vous gratuitement

Créez un compte, complétez votre déclaration et simulez votre remboursement d'impôts!

Cet article vous a aidé?

Lisez les articles similaires

Related posts image