News

Gepost den 24 February 2021

Een Immobiliëprêt op der Steiererklärung zu Lëtzebuerg ofsetzen!

D'Zënse vun engem Immobiliëprêt kënnen ouni Problem an der Steiererklärung zu Lëtzebuerg ofgesat ginn.

D'Zomm déi een ofsetze kann, ass ofhängeg dovun, ob de Steierflichtege schonn erageplënnert ass oder net.
Falls d'Haus oder d'Wunneng nach net bewunnt ass, ass déi ganz Zomm vun den Zënse vum Immobiliëprêt ofsetzbar, bis een eraplënnert.

Wann ee bis erageplënnert ass, hänkt de maximal ofsetzbare Betrag vum Datum of wou ee geplënnert ass.

Säit 2017, gëllen des Zommen als maximal ofsetzbar fir een Immobiliëprêt:

An deem Joer wou een eraplënnert an an deene 5 Joer duerno, si bis zu 2.000€ Scholdzënse steierlech ofsetzbar. An de 5 Joer déi duerno kommen, kann een 1.500€ an der Steiererklärung ofsetzen a fir all Joer  duerno sinn et nach 1.000€. Deen Betrag gëtt pro Persoun déi am Stot lieft em déi nämmlecht Zomm erhéicht.
 
Beispill 1:
De 6. Mee 2017 keeft eng bestuete Koppel, mat engem Kand, een Haus. Fir dat ze finanzéieren huele Sie de 6. Mee 2017 een Immobiliëprêt deen 9.500€ Zënse verursaacht. Säit dem selwechten Dag wunnen se am Haus.
An der Steiererklärung zu Lëtzebuerg ofsetzbar Scholdzënsen: 3 x 2.000€ = 6.000€
 
Beispill 2:
Eng bestuede Koppel mat engem Kand hellt am Ufank vum Joer 2021 een Immobiliëprêt, dee 14.000€ Scholdzënse verursaacht. Den 30. Juni 2021 plënnert d'Famill an hiert Haus, an deem d'Aarbechte grad ofgeschloss goufen.

An der Steiererklärung zu Lëtzebuerg ofsetzbar Scholdzënsen: 12.980,82€ (6.980,82€ + 6.000€)
  • 1. Januar 2021 - 1. Juli 2021 (182 Deeg): 14.000€ x 182/365 =   6.980,82€
  • 2. Juli 2021 - 31. Dezember 2021 (183 Deeg): 2.000€ x 3 =                6.000€
 
Mat taxx.lu gëtt d'Ofsetze vun engem Immobiliëprêt zum Kannerspill!
 
Fir Ären Immobiliëprêt ob Ärer Steiererklärung zu Lëtzebuerg, de Formular 100, ze deklaréieren, muss Dir op taxx.lu als éischt bei de Formular "Steuersituation" goen an do bei "Immobilien in 2020" déi richteg Këscht ukräizen. 

Dann kenn Dir den Formular "Immobilien" ausfëllen, fir är Scholdzënsen ofzesetzen. All d'Informatiounen déi Dir dofir braucht, fann Dir um Zertifikat deen Dir all Joer vun Ärer Bank kritt.

Wann Dir am Laf vum Joer plënnert, muss Dir just den Datum uginn an de System rechent automatesch den ofsetzbare Betrag vum Immobiliëprêt.

Deelen

taxx.lu elo ausprobéieren!

Gratis umellen

Erstell ee Konto, fëll deng Steiererklärung aus a simuléier weivill Steieren datts de kanns zréck kréien!.

War dësen Artikel fir Iech hëllefräich?

Ähnlech Artikelen liesen

Related posts image